D’Gemenge Feelen, Groussbus a Mäerzeg organiséieren dëst Joer déi 4. Editioun vum #bike4all, Sonndes, den 18. September 2022 vun 10.00 bis 18.00 Auer.
Offiziellen Départ ass um 10.00 Auer.
De Startpunkt ass fräi wielbar.
Den Tracé ass ausgeschëldert: et gëtt ee Family- an ee ProTour. De FamilyTour ass fir Famillje mat Kanner an de ProTour fir alleguerten déi motivéiert Cyclisten déi eng Erausfuerderung sichen.
D’Stroosse si fir de Verkéier gespaart: cf. Plang.
Kanner fueren nëmmen a Begleedung vun Erwuessenen!
D’Cycliste fueren op hir eege Verantwortung a respektéieren de Code de la Route!
Organisatioun am Respekt vun de gültege sanitäre Reegelen!