17. SEPTEMBER 2023 // 10.00 BIS 18.00 AUER

#bike4all – Alles op de Vëlo am Waarkdall

INFO

D’Gemenge Feelen, Groussbus a Mäerzeg organiséieren dëst Joer déi 5. Editioun vum #bike4all, Sonndes, den 17. September 2023 vun 10.00 bis 18.00 Auer.

Offiziellen Départ ass um 10.00 Auer.
De Startpunkt ass fräi wielbar.

Den Tracé ass ausgeschëldert: et gëtt ee Family- an ee ProTour. De FamilyTour ass fir Famillje mat Kanner an de ProTour fir alleguerten déi motivéiert Cyclisten déi eng Erausfuerderung sichen.

D’Stroosse si fir de Verkéier gespaart: cf. Plang.

Kanner fueren nëmmen a Begleedung vun Erwuessenen!

D’Cycliste fueren op hir eege Verantwortung a respektéieren de Code de la Route!

Organisatioun am Respekt vun de gültege sanitäre Reegelen!

Tracé

Réckbléck 2022

Réckbléck 2021

Réckbléck 2019

Aller au contenu principal